Den 13. Oktober ass an verschidden Länner vun Europa den Palm Pre erauskomm. Ech hun vill Hoffnung op dess nei Device geluecht well ech den iPhone (deen ech sait Aenn 2007 benotzen) e bessi saat hun am Moment.
Also go, extra moies frai geholl an dann op Treier gepilgert fir direkt deen eischten ze kreien. Daat huet och geklpaat , se haaten alles op Stock waat een brauch.
Ausgepaakt an getest
Den eischten Androck (iwwregens op der Autobunn richtung Arbescht) war ganz positiv, virun allem ass mer den extrem gudd lieserleschen Ecran an der Sonn opgefall.
Zubehör waat derbei ass kann een nemmen soen Top, Kopfhörer, Micro USB Kabel (den zukünftegen Standard) an dann ganz onverwaard eng Poche. Dess ass allerdengs och neideg well den Apparat ass esou hochglanz dass en schon beim schief ukukken schreipsen kritt.
Den ganzen Daag gespillt
Den Recht vum Daag hun ech domadd verspruecht mat deem dengen ze spillen an en ze entdecken, leider get et net wierklech net all zevill ze entdecken well den WebOS ass zimlech minimalistesch ausgestattet. Eigentlech ass alles do waat een modernen Handy soll hun awer leider och net mei.
No engem Daag muss ech soen , ech sin enttäuscht .
Am Alldaag
Jo an dann den Alldaag. Ebeemol stellen ech fest dass deen Apparat eben genau weinst dem Minnimalismus zimlech angenehm ass, en nervt net an et huet een och net dei tendenz den ganzen ZAit drun ze fummelen an no neien Spillereien ze sichen wei daat beim iPhone alt mol fier kennt (zumindest bei mir)
Fazit no 3 Deeg ass ganz positif
Mei Infoen kommen no wann ech mei wees